Et ass an der wonnerschéiner Géigend, net wäit ewech vum Stauséi vun der Uewersauer, wou de Chef Victorin Bertrand, an der Kichen, an seng Fra Isabelle, Iech déi franséisch gastronomesch Kichen méi no bréngt.
Genéisst am Summer eng gutt Friture op enger vun de schéinsten Terrassen an der Regioun. Frot och no eise gastronomeschen Offere'en fir är Privatiessen, Familljefeieren, Konferenzen oder aner spezifesch Geleeënheeten, entweder bei eis am Restaurant, bei Iech doheem oder an ärer Firma. Kommuniounsiessen, Hochzäiten an individuell Buffet'en - et gëtt vun allem...