Loosst Iech vun de Spezialitéite vum Kichechef verféieren. Dir hutt de Choix tëscht dem Plat du Jour oder à la carte. Lëtzebuergesch, Franséisch an International Spezialitéite ginn hei gebueden. Begleet gëtt dat ganzt natierlech mat engem exzellente Wäin vun der Musel oder Wäin aus anere Länner. Aux Pyramides ass och nach bekannt fir säi Choix un Zaloten.
Des weidere bidd de Restaurant en Catering-Service fir Familljefeieren oder Geschäftsiessen un.