Mat senger frëndlecher a motivéierter Equipe, freet de Restaurant Da Massimo sech op äre Besuch fir Iech Italienesch an aner mediterran Spezialitéiten an esou guer Pizzaen aus dem Holzuewen zerwéieren ze kennen.
Hier Philosophie an d'Rezept fir den Erfolleg sinn, dass mat frësche Produkter gekacht gëtt, an all Plat mat Léift preparéiert gëtt. Da Massimo ass e Restaurant, wou d'Kanner ëmmer wëllkomm sinn, an dëst och mat enger grousser Terrasse mat engem herrleche Bléck op d'Wäibierger, während dem Summer.
Am Restaurant - Pizzeria Da Massimo, ass de Client nach de Kinnek.